Quarantaine Nr 6: Groussen Orchester aus der Stuff
En ni verschéckte Bréif un de Kulturministère :
Léiwe Kulturministère,
Léif Madame Tanson,
An dëse Corona Zäiten hu dir vill ëm d’Oueren an dir gitt vill sollicitéiert fir Aiden an ech wëll iech
ausdrécklech felicitéieren wéi dir versicht esou onbürokratesch wi méiglech am Sënn vun de Kënschtler ze
agéieren.
Ech schécken iech heimat eng Eegekompositioun,
„Quarantaine Nr 6 Groussen Orchester aus der Stuff“,
déi ech op menger Websäit verëffentlecht hunn, an déi dir do kënnt lauschteren. Di folgend Leit hunn all un
dësem Projet Deel geholl an dir verstitt datt dëst mat considerabele Fraisen verbonnen ass. Ech wär iech
verbonnen, wann dir all dëse Mataarbechter eng adequat finanziell Hëllef géift zoukomme loossen mat
Ausnam vu mir selwer (Balli Baldauff) well ech eng Pensioun hunn an de Staat net wëll zweemol belaaschten.
Wann dir déi heimat gespuerte Suen kéint verwenden fir deene Kënschtler zoukommen ze loossen, déi
decidéiert hunn vun hirer Konscht ze liewen, da wär ech iech dankbar.
Léif Gréiss
Balli Baldauff 09.05.2020
balli.lu
Satir
Audio
Musician & Recording Studio