© Balli Baldauff 2014
© Balli Baldauff 2023
Balli Baldauff
Studio
Et ass e klengen Home Recording Studio also net fir eng ganz Band beieneen opzehuelen, och wa schonn e ganze Chouer sech bei mech eragezwängt huet. Dat bréngt Wäermt ënnert de Leit. A mengem Musée si Vinyl Plakkespiller, Bandmaschinnen, Cassette Recorder, MiniDisk, DAT Recorder, mat deenen ech nach al Opnamen opliewe ka loossen. Den Zentrum vum Studio sinn haut Computere MAC a PC mat CUBASE als Programm. Domat kann ech eleng ganz Orchesteren aspillen, vum Solist bis zum Symphonieorchester. De Studio ass am Surround ugeluecht, sou datt ech och fir de Kino vertount hunn. Awer dat gesäit jo keen datt ee mech héiert. Ech hunn e Video gemaach wou ech d’Geschicht vu mengem Tounstudio erklären. Dëst ass gläichzäiteg d’Geschicht vun der elektronescher Musek.
Mäi Studio ass 50 Joer laang gewuess. Et ass wéi am Musée well ech bewosst näischt ewech werfen oder verkafen. Awer technesch sinn ech ni stoe bliwwen a mäi Material ass ëmmer up-to-date! Lifelong learning!
Photo Balli Baldauff D’Musek ass e schwéiert Instrument
Musician & Recording Studio
Ou? Da weiss! Ou? Da weiss!